Cheffewiessel

Léiw Beaver a Beaverelteren,

Dëst Joer gëtt et en Wiessel an onser Beavercheffenequipe. Nodeems Vicky (Spitzki) wärend 10 Joer als Beaverchef aktiv war an ech (Grigri) ganzer 7, hunn mir entscheet Platz fir nei Cheffen an domadder frësche Wand ze maachen. Mir hunn immens flott Joren als Beavercheffe verbruecht, mee wäerten ons allen béid nei Challenge stellen. Vicky wäert dëst Joer als Scoutscheff aktiv sinn an ech hunn mech der Gruppencheffenequipe ugeschloss. Trotzdeem wäerte mer gären nach bei där eng oder anerer Versammlung oder engem Camp emol laanscht kucken oder eng Hand mat upake kommen.

Mir iwwerginn Branche mam Swagata, wat Chef de Colonie iwwerhëllt, a mam Lena a gutt Hänn a sinn zouversiichtlech, dass si dat gutt maachen.

Beaverklack,
Vicky an Anja Bigelbach