Deelen, deelen, deelen

Si liewen an der Beaver Colonie a kleng Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, déi alleguer de Numm vun engem Bam droen. An de Versammlungen, déi vun 14:00 bis 16:00 Auer zu Steesel am Chalet stattfannen, gëtt haaptsächlech gespillt, gesongen, gelaacht an sech vill an der fräier Natur opgehaalen.
Sie kréien de Scoutismus an d‘Natur op eng flott Aart a Weis iwwert eng Geschicht, déi „Frënn aus dem Bësch“ heescht, méi no bruecht.

D’Beavergeschicht

Et war eemol e grousse Biwerjong, dee sech enges Daags geduecht huet, dass et un der Zäit wier, fir an déi grouss Welt erauszegoen. Dëse jonke Biwer huet Bibu geheescht. En huet seng Saachen zesummenegepaakt an huet sech op de Wee an déi grouss Welt gemaach…


Mir suergen fir de Spaass

Chef de branche

Swagata Metzler

Reebou

Ech sinn säit 2008 an de Wëll Sai, tëschenduerch hunn ech eng kleng Paus ageluecht, a sinn elo säit 2017 Beaverchef an doriwwer eraus och an der Beaverformatiounsekipp vun der Fnel täteg. Ech studéieren Sozial- an Erzéiungswëssenschaften hei zu Lëtzebuerg a verbréngen meng Fräizäit gären an der Natur oder mat Kolleegen. 

Assistant chef de branche

Lena Weber

Tic-Tac

Ech si säit 2013 an de Wëll Sai an säit 2015 Beaverchef. Ech sinn gären an de Scouten well mer alleguer zesummanhalen an et engem ni langweileg gëtt.

Sven Kohl

Tokki

Ech si säit 2001 an de Scouten a säit 2017 Beaverchef. Säit 2018 sinn ech außerdeem Formateur bei der FNEL a Commissaire vun de Beaver säit 2020.
Ech si gäre Scout aus Iwwerzeegung, wëll ech do mat Kollege kann an der Natur sinn, a mat deenen ëmmer Spaass kann hunn.

Emma Weber

Andrea Anderson

Jonas Diederich

Arno Diederich

Lili Richartz


Aktualitéiten

  • 100ten PowWow vun der FNEL
    Dëse Weekend war den 100ten PowWow vun der FNEL an dat um Misärshaff. Mir hunn hei Auszeeschnungen mat Heem geholl.
  • Cheffewiessel
    Dëst Joer gëtt et en Wiessel an onser Beavercheffenequipe
  • Dem Scout seng Materiallëscht
    Heimat wollten mir Iech nach e klengem Reminder mat op de Wee ginn vir déi nächst Aktivitéiten. Mir als Cheffen géifen et appreciéieren wann dir mat der kompletter Scoutsausrüstung géift kommen.