Eis Cheffen stellen sech vir

Veröffentlicht am

Eis Cheffen stellen sech vir

⚜ Pit – 26 Joer. Ech sinn säit 2000 an de Wëlle Sai a säit 2010 Chef, als éischt bei de
Wëllefcher, dann als Gruppechef. Besonnesch gäre sëtzen ech owes
ronderëm d’Feier mat mengen Frënn aus de Scouten.

⚜ Jacques – 27 Joer. Ech maachen am Moment méin Master am Maschinnebau zu Tréier. Meng Scoutskarriär huet am Alter vun 6 Joer bei den Panthères Noires (Luerenzweiler) ugefaangen, wou ech dunn och bis an den Alter vun 15 Joer war. 2012 sinn ech dunn duerch ee Kolleeg nees bei Scouten komm.
Ech géif emol soen: “Eemol Scout ëmmer Scout”
Ech hunn och dunn direkt meng Formatioun hei am Grupp gemaach.
Am Moment sinn ech Chef de Groupe adjoint.
Am beschten Gefält mir bei den Scouten den Zesummenhalt ënnereneen.

⚜ Ben- 24 Joer. Ech si säit 19 Joer an de Wëlle Sai a säit 9 Joer Chef. Zanter dësem Joer sinn ech och Explorer Commisaire adjoint vun der FNEL. Ech sinn Scout well Scout sinn einfach mega ass.

⚜ Anja (Grigri) – 20 Joer. Ech sinn säit 13 Joer an den Wëll Sai an säit 2015 Beaver-cheff. Säit 2 Joer sinn ech an der Beaverbranche Chef de colonie an och an der Fnel an der Beaverequipe an Beaverformationsequipe aktiv. Ech studéieren Ëmweltingenieur zu Oochen an an menger Fräizäit sinn ech gären
an den Scouten, an der Natur oder bei Kolleegen a Famille.

⚜ Tokki – 23 Joer. Ech sinn säit 2001 an de Scouten a säit 2020 BV-Commissaire. Besonnesch gäre spillen ech Musek (mostly Guitar) ronderëm d’Lagerfeier.

⚜ Vicky (Spitzki) – 23 Joer. Ech sinn säit 14 Joer an de Wëll Sai an säit 5 Joer Beaver-chef. Ech sinn am Moment am Ausland op der Uni mee freeën mech ëmmer rëm eng Beaverversammlung halen ze kommen an meng Scoutsfrënn erëm ze gesinn.

⚜ Lena (Tic-Tac) – 19 Joer. Ech si säit 7 Joer an de Wëll Sai an säit 4 Joer Beaverchef. Ech sinn gären an den Scouten well do jiddereen zesummenhält an et engem ni langweileg gëtt.

⚜ Swagata (Reebou) – 19 Joer. 2008 sinn ech an d’Beaver komm, no engem hallwen Joer an de Wëllefcher hunn ech fir e puer Joer eng Paus gemaach. 2017 sinn ech erëm zeréck komm als Explorer a si kuerz drop och Beaverchef ginn. Lëscht Joer hunn ech meng Formatioun ofgeschloss an sinn frouh weider hin bei de
Beaver täteg ze sinn. Ech maachen Momentan méin Ofschloss an der Waldorfschoul, verbréngen gären Zäit an der Natur an setzen gären mat mengen Scoutskolleegen ronderëm
Féier.

⚜ David (Tabaqui) – 19 Joer. Ech sinn säit 7 Joer an den Scouten an säit 3-4 Joer als Wëllefcherschef täteg. Besonnesch gäre ginn ech mat Frënn an den Kino oder verbréngen generell gären Zäit mat Frënn an Famill.

⚜ Jill (Rikki Tikki Tavi) – 18 Joer. Ech sinn säit den Beaver an den Scouten an säit 2017 an der Wëllefchers Ekipp vun der FNEL. Besonnesch gäre setzen ech Owes em Feier an genéissen d’Zäit mat menge Frënn.

⚜ Dani – 22 Joer. Ech sinn säit +/-14 Joer an den Scouten, dovunner bal 10 flott Joer bei den Wëll Sai. Als Chef hunn ech bei Wëllefcher ugefaangen an sinn elo Branchechef bei den Scouten. D’Wäerter fir déi d’Scouten stinn zielen zu mengen Iwwerzeegungen an och d’Scoutstechniken begeeschteren mech ëmmer nees op e Néits. Wéi fir déi meescht vun eis ass et och fir mech einfach ëmmer nees schéin Owes ronderëm d’Feier ze sëtzen (zemools wann och nach een op der Gittar spillt).

⚜ Fränz – 20 Joer Ech sinn säit 2013 Joer an den Wëll Sai. Als Chef hunn ech bei Wëllefcher ugefaange an sinn lo zweeten Mann bei der Scoutsbranche. Ech sinn gären mat mengen Frënn an den Scouten an wëll den Kanner eppes iwwer Scoutismus bäibréngen.

⚜ Mathilda – 19 Joer. Ech si seit 2007 an de Scouten an elo fir d’zweet Joer als Explorerchef täteg. Säit 2019 engagéieren ech mech dann och nach an der Scoutsekipp an der Fnel. Ech verbrenge gäer Zäit an der Natur a freeë mech op all Camp.

⚜ Nicolas – 20 Joer. Ech war als Beaver, Wëllefchen a Scout bei den Aigles a war du vir e puer Joer aus der Scoutsgrupp raus, bis 2017 wou ech dësem Grupp bäigetruede sinn als Explorer an dann och Beaverchef als assistant Chef de colonie bis 2019. Säit 2020 sinn ech lo als Roverresponsabelen aktiv. Ech studéiere Mathé zu Freiburg an a menger Fräizäit sinn ech gäre sportlech aktiv
a verbrénge vill Zäit mat Frënn a Famill.

⚜ Lea – 4 Joer, Ech sinn zanter dësem Joer Responsabel fir d Rover. Dat si Scoute vu 16-21 Joer. Ech war laang Wëllefcherschef, freeë mech awer elo op déi nei Aufgabe mat,deene méi grousse Scouten. An der FNEL sinn ech an der Kommunikatiounsekipp aktiv an nieft de Scoute reiden ech a gi gäre schwammen.