Pow-Wow 2021

Veröffentlicht am
Challenge accepted sign or stamp on white background, vector illustration

Pow-Wow 2021

Challenge – Edition

Wéi déi meescht vun Iech schonn wëssen ass géinter Enn vun all Scoutsjoer den Pow-Wow. Op dëser Aktivitéit treffen sech normalerweis alleguerten d’Beaver, Wëllefcher, Scouten, Explorer, Rover, Tembo a Cheffen aus dem Land op enger Plaz, fir do dann zesummen e flotten Dag mat ofwiesslungsräiche Spiller ze verbréngen. Ausserdeem ginn hei och ëmmer e puer Zeremoniell-Akter ofgehale, Meriten an Patrullen-Badger verdeelt.

Dëst Joer ass dat e bëssi anescht. No enger digitaler Versioun 2020, ass et dëst Joer un enger Challenge-Edition.

Deen Een oder Aneren kennt d’Challeng-Spill schonn vun engem Camp, dësen Pow-Wow funktionéiert änlech. All Branche muss an engem bëstemmten Zäitraum eng gewëssen Unzuel vun Challengen léisen. Déi eng si méi laang, anerer méi kuerz.  All d’Branchen hunn zesummen een gemeinsaamt Ziel. D’Challengen aus den eenzelen Branchen si wichteg fir herno kënnen un dëst Ziel ze kommen. Dëst ass awer just erreechbar wann jiddwereen säi bescht gëtt, dofir ziele mir op Iech.

Sonndes den 11.07.2021 ass Treffpunkt bei onserem Chalet. Beaver a Wëllefcher hunn Moies  Pow-Wow dogéint hunn d’Scouten an d’Explorer Mëttes Pow-Wow.

Hei ënnendrënner fann dir eng Tabell mat den Zäitraim wou déi eenzel Branchen d’Pow-Wow-Versammlung.

Beaver9h30 – 12h00
Wëllef9h30 – 12h00
Scouten14h00 – 17h15
Explorer14h00 – 17h15