Jota-Joti

Veröffentlicht am Kategorisiert in Explorer, Rover / Tembo, Scouten a Guiden

Moie léif Scouten an Explorer,

Et ass erëm esouwäit, de Joti ass nees do. Funkantenn gëtt dëst Joer rem opgeriicht an d’Scouten aus der ganzer Welt wäerten nees per Chat a Funk matenee kommunizéieren.

Wou: Scouts-Chalet um Steeselerbierg

Wéini: De 15. Oktober 2022 um 10h00 bis den 16. Oktober 2022 um 16h00

Präis: De Jota-Joti kascht 35 Euro, d’Suen sinn op folgende Konto ze
iwwerweisen LU49 0019 5155 1434 9000 mam Kommentar „Jota-Joti + Branche + Numm vum Kand“

Wann’s du och nees mat dobäi wëlls sinn an e flotte Weekend mat Scoutskolleegen um Steeselerbierg verbrénge wëlls, da mell dech bis de 10. Oktober iwwert folgende Link un.

Mir freeën eis zesumme mat iech e flotte Weekend verbréngen ze kënnen an hoffen dat’s du mat dobäi bass.