Scouten a Guiden

Néiegkeeten vun de Scoute a Guiden

Scoute a Guiden

(LU)

D‘Scoute sinn a Patrullen agedeelt, wou all Scout/Guide seng Charge kritt an déi och ze erfëllen huet. An de Versammlunge ginn d’Scouten a Guiden geléiert wéi ee mat enger Kaart ëmgeet, d’Orientatioun am Bësch net verléiert, Konstruktioune baut a Kniet mécht. Si ginn och geléiert an der Kichen ze kachen, mee och um opene Feier. Et fannen och Sortieën, Weekender a Campe statt, wou mir och mol an Zelter schlofen.
Dem Baden-Powel (de Grënner vum Scoutismus) seng Methode „Learning by doing“ gëtt groussgeschriwwen. D‘Scoute solle sou léieren, matzedenken an Eegeninitiativ ze ergräifen.

Devise vun de Scouten: Ëmmer bereet

(FR)

Ils sont regroupés en patrouilles dans lesquelles chaque scout a sa charge à accomplir. Les activités des scoutes sont de lire des cartes, de faire la cuisine sur un feu et dans une cuisine et de construire des constructions. Ils partent pour des sorties, Weekends et camps où ils dorment dans des tentes. Baden-Powel (fondateur du scoutisme) a introduit la méthodologie du „Learning by doing“. Ainsi, les scoutes apprennent à prendre des initiatives et de réfléchir.

Devise: Ëmmer bereet (Toujours prêt)

Cheffen

FANDEL Sven
HANSEN François
SALVATI Matteo
MATHIEU Daniel