
Steeseler Scoute a Guiden
Wëll Sai
– zënter 1995 –
Ons Branchen
Ons Aktivitéiten
Page likes: 557
Wëll Sai
(opens in a new tab)D' Wëll Sai goufen 1995 gegrënnt an sinn e Grupp vun der FNEL.
Och dëst Joer ware Wëll Sai erëm aktiv an hu selwer Quetschekraut gekacht. Reservéiert är Glas ënnert dësem Link: forms.gle/bssqjEAdeAugCTbC9
SUMMERCAMP NARAVA🏕️ Vum 26.07 bis den 5.08 waren ons Scouten, Rover an Tembo zesummen mat de Kiewerlecken Stroossen vun Stroosen um Summercamp an Slowenien! ☀️Um Programm stoungen enner aanerem Kayak fueren, en Hike am Triglav National Park, en Sportsdaag, Ausflich op den Bohinj an Bled Séi an op Ljubljana 🇸🇮
Gëschter an Haut waren d'Wëll Sai um 103. Pow Wow vun der FNEL,deen dëst Joer ganz am Thema Lëtzebuerg stoung a vun de Lions Bleus organiséiert gouf 🇱🇺👏Ons Beaver a Wëllef haten sech dëst Scoutsjoer vill mei ginn,a goufe mat der Bonne Colonie a Bonne Meute ausgezeechent 🦫🐺Felicitatiounen och un ons Formatiounskandidaten Lili an Andrea vir hier ofgeschlosse Formatioun 🎉Mam Pow Wow hunn ons Beaver a Wëllef dann och hiert Scoutsjoer flott ofgeschloss. Mir wënschen hinnen eng schéi Vakanz a bis am September!
Ons Beaver, Wëllef a Scouten haaten gëschter hier läscht Versammlung vum Scoutsjoër 🐗 D'Beaver an Wëllef hunn Popcorn um Féier gemaach an en Draach gebastelt🐉 Ons Scouten hunn hier Patroullekëscht gepaack vir op de Summercamp🏕️ Ons Temboen haaten dann haut en Ofschlossbrunch vir d'Joër zesummen ofzeschléissen 🥳
Ons Scouten, Explorer, Rover an Tembo hate gëschter eng Preparatiounssortie zesumme mat de Kiewerleke vu Stroossen vir de gemeinsame Camp a Slowenien, wou jiddereen sech besser kënne léiere konnt ! 🏕️🌞 @kiewerlecken
