Beaver

5-7 Joer

Deelen, deelen, deelen

News aus der Beaver Branche

D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der FNEL.

Et si jonk Kanner am Alter vu 5-7 Joer, déi sech “um Weier” begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech z’ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.

Si liewen an der Beaver Colonie a klenge Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, déi alleguer de Numm vun engem Bam droen.

Si liewen no der Geschicht: d’Frënn aus dem Bësch. An där begéine sech eng Mënschefamill an eng Beaverkolonie a léiere mateneen deelen an erliewen zesumme flott Aventuren am Bësch.

Eis Aktivitéiten

Zesumme laachen
Iwwert den Tellerrand kucken
Neies kenne léieren
Zesummenhalt & Frëndschaft
Scoutstechniken
Spill a Spaass
Kachen
Liewen am Bësch
Spiller

D’Beavergeschicht

Et war eemol e grousse Biwerjong, dee sech enges Daags geduecht huet, dass et un der Zäit wier, fir an déi grouss Welt erauszegoen. Dëse jonke Biwer huet Bibu geheescht. En huet seng Saachen zesummenegepaakt an …