Montée fir zukünfteg Wëllef a Scouten

Léif Memberen,

Den 1.Oktober ass et nees sou wäit, d’Montée ass endlech nees do an sou muncher Een ënnert Eis wiesselen an eng aner Branche. Agelueden sinn op dësem Montées-Weekend all d’Beaveren déi an d’Wëllefcher wiesselen, an alleguerten d’Wëllef déi an d’Scoutsbranche wiesseln. Natierlech net ze
vergiessen, och alleguerten déi Wëllef a Scouten déi an hierer Branche bleiwen. Wéi eng Leit genau d’Branche wiesselen wäerten Iech nach äer Branchecheffen an der éichter Versammlung matdeelen, woubäi mir ons graff un der rietser Spalt vum bäileiendem Diagramm orientéiere wäerten. Bei weidere Froen kenn dir gär äre momentane Branchecheffe kontaktéieren. Mir wäerten den Week-End am LGS Home St. Jean zu Diddeleng verbréngen an souwuel den Zuch hin als och zeréckhuelen. Dëse Montées-Weekend wäert Samschdeg Moies den 1.Oktober 2021, em 11 op der Heeschdrefer Gare starten an Sonndes den 2.Oktober 2021 em 16 Auer op der Heeschdrefer Gare zu Enn goen. Wann et d’Ëmstänn zouloussen, probéieren mir den ëffentlechen Transport ze notzen. Méi genau Informatiounen zum Treffpunkt an Auerzäiten a Präis wäerte nach nokommen. Den Präis vum Camp sinn 30 Euro, déi op den Compte LU49 0019 5155 1434 9000 ze iwwerweisen sinn. Op jiddwerfalls feeën mir ons iwwert all Eenzelen vun Iech a wënsche vill Spaass op der Montée.

Beaver Montée 2022

Moie léif Beaver,

Dëst Joer fënnt erem eng Montée fir d’Beaver statt. Bei der Montée ginn déi néi Beaver feierlech an der Kolonie opgeholl. Dat ganzt hällt Owes mam Verspriechen ob bei dem mir dëst Joer ërem d‘Elteren invitéieren fir nokucken ze kommen.

Wéini?
1ten Oktober 2022 vun 15.30 bis 20.30.

D‘Elteren déi beim Verspriechen dobäi wëllen sinn, sollen punktlech um 20.00 ̈ an den Chalet kommen.

Wou?
Zu Steesel am Chalet

Präis?
10 Euro ob folgende Konto: LU49 0019 5155 1434 9000 (Wëll Sai Steesel)
mam Kommentar “Beavermontée 2022 + Numm vun Kand“

Umeldung?
Bis den 25.09.2022 iwwert dësen Link

Mir freeën ons ob en flotten Owend mat Iech

Lénks Patt,
Är Beavercheffenekipp

Veröffentlicht am
Kategorisiert in Beaver

Cheffewiessel

Léiw Beaver a Beaverelteren,

Dëst Joer gëtt et en Wiessel an onser Beavercheffenequipe. Nodeems Vicky (Spitzki) wärend 10 Joer als Beaverchef aktiv war an ech (Grigri) ganzer 7, hunn mir entscheet Platz fir nei Cheffen an domadder frësche Wand ze maachen. Mir hunn immens flott Joren als Beavercheffe verbruecht, mee wäerten ons allen béid nei Challenge stellen. Vicky wäert dëst Joer als Scoutscheff aktiv sinn an ech hunn mech der Gruppencheffenequipe ugeschloss. Trotzdeem wäerte mer gären nach bei där eng oder anerer Versammlung oder engem Camp emol laanscht kucken oder eng Hand mat upake kommen.

Mir iwwerginn Branche mam Swagata, wat Chef de Colonie iwwerhëllt, a mam Lena a gutt Hänn a sinn zouversiichtlech, dass si dat gutt maachen.

Beaverklack,
Vicky an Anja Bigelbach

Veröffentlicht am
Kategorisiert in Beaver