
5-7 Joer
Deelen, deelen, deelen
News aus der Wëllefchers Branche
D’Wëllefchersbranche lieft no der Devise “Mir dinn eis Bescht”, all zesummen an enger Meute, an engem Ruddel, esou wéi och d’Wëllef am Djungel dat maachen.
D’Wëllefchersgesetz an d’Wëllefchersmethod baséieren um Dschungelbuch, mam Mowgli, dee vun de Wëllef opgeholl a groussgezu ginn ass.
De Wëllefchen versprécht, all Dag engem eng Freed ze maachen an huet mat senge 5 Saache bal alles derbäi wat e brauch.
Bei de Wëllefcher liewe mir zesummen am Dschungel, engem tropeschen Bësch, mat ville Planzen. An all eis Bekannt liewen do: d’Wollefsfamill mat hirem Chef Akela, d’Wollefsmamm Rakscha, de schwaarze Panther Bagheera, de brongen Bier Baloo, an déi vill aner….
Am Dschungel ginn et vill Gesetzer, un déi d’Déiren, an och mir, sech sollen halen, fir gutt zesummen ze liewen. Da kann all Mënsch an Déier och zesumme vill bäiléieren a vill Spaass hunn.
Wéi d’Wëllef am Dschungel liewen och d’Wëllefcher zesummen am Respekt mateneen. D’Wëllefchersgesetz hëlleft eis dobäi.
D’Verspriechen, d’Gesetz an d’Devise sollen eis hëllefe besser duerch d’Liewen ze kommen: fir ëmmer ze probéiere säi Bescht ze maachen, ze hëllefe wou ee kann, an sech un d’Gesetz ze halen.
Eis Aktivitéiten
Zesummen an der Meute am klenge Grupp, der Sixaine, erliewe mir Aventuren, erfuerschen d’Natur, spillen, hëllefen an hunn zesumme Spaass. Duerch Vertrauen léiert jidderee sech selwer an déi aner kennen a respektéieren. Duerch d’Spill léiere mir zesumme Schwieregkeeten ze meeschteren.
D’Dschungelgeschicht
Et war 7 Auer op engem ganz waarmen Owend an de Seeonee Hiwwelen. De Pappa Wollef ass vu senger Mëttesrascht erwächt an huet emol gutt gegaapst. D’Mamm Wollef, d’Rakscha, louch mat hirer groe laanger Nues op hiere 4 Wollefsbouwen drop. De Mound huet an d’Hiel erageschéngt an där se all gewunnt hunn.
Grad, wéi de Pappa Wollef d’Hiel wollt verloosse fir joen ze goen, ass de Schakal, den Tellerlecker, Tabaqui opgedaucht. D’Wëllef veruechten hien, well hie ronderëm leeft an Duerchernee mécht, Klaatsch an Traatsch erzielt a bei d’Leit an d’Duerf op den Dreckskoup klaue geet. Mee wann en d’Fassung verléiert fäerten se en all, dann huet e keng Angscht méi, a bäisst jiddereen, deen ëm iwwert de Wee leeft. Esouguer den Tiger leeft vrun deem mëllen Tabaqui fort. Dee Wahnsinn ass dat uergst wat engem wëlle Wiese ka passéieren. Mir nennen dat d’Tollwut, mee fir d’Déieren ass et den Dewanee.