100ten PowWow vun der FNEL

Dëse Weekend war den 100ten PowWow vun der FNEL an dat um Misärshaff.

Fir Scouten an Explorer huet Feier scho Samschdes ugefaangen. Sonndes sinn dann och Beaver a Wellef nokomm. 
Wärend der Partie offiziell kruten ons nei Cheffen hier Formatioun. Gléckwonsch un si.

Mee och ons Branchen an onse Grupp sinn ausgezeechent ginn. 
Beaver hunn fir éischte Kéier Bonne Colonie mat Heem bruecht, Wëllefcher Bonne Meute an de ganze Grupp krut de Foulard d’or. 
Déi Auszeechnunge sinn en Zeeche vir déi gutt Aarbecht vum ganze Grupp: Kanner, Cheffen, Comité…

Leider misste mer éischter vum PowWow heem well Wieder net ganz matgespillt huet. Mee domadder net genuch, onse Bus ass och nach en Panne gefall. Dat nennt en Päsch.

Trotzdeem war et en flotten Dag