Learning by doing !!!

(LU) An den Explorer fänkt een un, selbstänneg a senger Unitéit ze liewen an ze schaffen. Sou gi se schonn drop virbereet wéi et ass, Chef ze sinn. Och wann et drëms geet, dass sie léieren aleng eens ze ginn, hu se awer nach ëmmer e Responsabelen, dee bei all Versammlung derbäi ass. Hien ass dofir do, fir ze kontrolléieren, dass den Explorer hir Aktivitéiten an engem séchere Kader ofgehaalen ginn. Sou kréien d‘ Explorer bäibruecht wat „Responsabilitéit“ wiirklech heescht, wat hinnen och am spéidere Liewe weiderhëlleft.

FR) Ils sont très autonomes et vivent dans une unité explorer et sont préparés à devenir des chefs. Mais il y toujours un responsable formé qui les soutient en cas de besoin. Autrement, les explorers sont libres de choisir leurs activités.

Chef de branche

Mathilda MATHGEN

Ech si seit 2007 an de Scouten a seit 2019 als Explorerchef täteg. Seitdeems engagéieren ech mech dann och nach an der Scoutsekipp an der FNEL. Ech verbrenge gäer Zäit an der Natur a freeë mech op all Camp

Assistant chef de branche

Ben KIFFER

Ech si säit 2002 an de Wëlle Sai a säit 2012 Chef. Als éischt war ech Chef bei de Wëllefcher, dono bei de Scouten, du bei den Explorer an ab dësem Joer sinn ech Gruppechef. 
Op Federalem Niveau sinn ech Commissaire adjoint bei den Explorer. 
Ech kéint mir ee liewen ouni Scouten net virstellen. Als Scout hunn ech ganz vill vir d’Liewe geléiert a lauter Kolleege fonnt. Am léifste bauen ech awer Konstruktiounen oder sëtzen Owes ronderëm d’Feier.

Programm

    Aktualitéiten

    • 100ten PowWow vun der FNEL
      Dëse Weekend war den 100ten PowWow vun der FNEL an dat um Misärshaff. Mir hunn hei Auszeeschnungen mat Heem geholl.
    • Dem Scout seng Materiallëscht
      Heimat wollten mir Iech nach e klengem Reminder mat op de Wee ginn vir déi nächst Aktivitéiten. Mir als Cheffen géifen et appreciéieren wann dir mat der kompletter Scoutsausrüstung géift kommen.