Dem Scout seng Materiallëscht

Wichtege Reminder!

Léif Scouten,

Heimat wollten mir Iech nach e klengem Reminder mat
op de Wee ginn vir déi nächst Aktivitéiten. Mir als Cheffen géifen et appreciéieren wann dir mat der kompletter Scoutsausrüstung géift kommen.

Ënnert déi wichtegst Saachen faalen:

  • Foulard
  • Scoutsbichelchen
  • Bic a Block
  • Nuesschnappecherpack

Niewent dësen véier essentiellen Saachen, wier et och flott wann Patrullen sech ënnert eneen géifen ofschwätzen, vir dass folgend Saachen an all Patrulle komplett wieren.

  • Messer
  • Réimer
  • Kompass
  • 1m laang Ficelle
  • Fixfeier / Feiersteen

Mir brauchen dës Saachen net all Versammlung mee esou sinn mir gutt ausgerüst an op alles virbereet. Mir freeën eis op déi nächst Aktivitéiten.

Är Scoutscheffen