Ëmmer Bereet
Scoute liewen zesummen mat hire Frënn an enger Patrull, déi aus 6-8 Jongen a Meedercher besteet. An der Patrull ënnerhuele mir vill zesummen, an dozou kann a soll jiddereen säin Deel bäidroen. An der Patrull geet et drëms selwer Initiativ a Kreativitéit ze beweisen an zesummen ze schaffen.
De Scout ass ëmmer bereet, probéiert säi Bescht, iwwerhëlt Verantwortung par rapport zu sech selwer a senge Matmënschen a setzt sech mat senge Scoutsfrënn an fir eng besser Welt.
Eis Aktivitéiten
D’Natur kennen a respektéiere léieren, an duerch selwer maachen, dem „Learning by doing“ sech weiderentwéckelen, sti bei de Scoute ganz uewen op der Lëscht. Dat maache mer an der Patrull, am Grupp, op federalem Niveau an esou guer international.
Versammlungen, Sortien, Weekender, Campen, ZELTEN, Jamboree on the Air and on the INTERNET, Techniken, Feier, Ofseelen, Aventure, Hike, Sport, Kultur, Fotoen, Reporter, Waasseraktivitéiten, Vertrauen, Spiller, Lagerfeier, Sangen, Quiz, Staadtspiller, Bonne Action a villes méi ass bei eis um Programm.
Mir suergen fir de Spaass
Chef de branche
NUMM
SPETZNUMM
Beschréiwung
Assistant chef de branche
NUMM
SPETZNUMM
Beschréiwung
Akualitéiten
- QuetschekrautQuetschekraut Réservéier héi däin Quetschekraut an huel et Samschdes während enger Versammlung bei ons of
- 100ten PowWow vun der FNELDëse Weekend war den 100ten PowWow vun der FNEL an dat um Misärshaff. Mir hunn hei Auszeeschnungen mat Heem geholl.
- Dem Scout seng MateriallëschtHeimat wollten mir Iech nach e klengem Reminder mat op de Wee ginn vir déi nächst Aktivitéiten. Mir als Cheffen géifen et appreciéieren wann dir mat der kompletter Scoutsausrüstung géift kommen.